Eechternôcher Monndôrt

E poar Bemeerkungen iwert éis Eechternoacher Mondoart

Eechternoacher Gemäneblat 12/2024
Herausgeber: Administration Communale de la Ville

Voam Frank WILHELM, alias : Pudel’s Fränk
1947 zu Eechternoach op d’Welt komm
Fransischprofesser a Literat

Isen Idiom gehiiërt zur Famillich voan de west-moselfränkischen Dialekten, ma heeft sich däitlich of voam Stater Dialekt, deen 1984 iwert e Gesetz zur Nationalsprooch voan de Lëtzebuerger geen ass.

Lei en Iwerbléck voan den Auteuren an hire Publikatiunnen :

Säit spitstens 1806: éisen Dialekt als Foerschungsobjet oder literarischem Idiom

  • Dr Jean-Luc Hollenfeltz, « Une enquête sur les dialectes luxembourgeoi en 1806 » (Arel, 1938) ;
  • Franz Joseph Mone, Quellen und Forschungen zur Geschichte der teutschen Literatur und Sprache, Mat äner Bibel-Parabel op Eechternoacher ! (Aachen, Leipzig, 1830) ; Mathias Hardt, Vocalismus der Sauer-Mundart, E., 1843 ;
  • Dicks, D’Kirmesgèscht. Kome’de’stéck an èngem Ackt mat der Kusinn Laangfësch, déi Eechternoacher schweetzt (L., 1856) ;
  • Jos Speck, „ Hämelmaous-Léid ” mat de Weerder (Echternacher Anzeiger, 16.02.1873) ;
  • Jules Keiffer, « Le dialecte d’Echternach » (L’Illustré luxembourgeois. Luxemburger Illustrierte, 17.03.1931, 25.03.1931) ;
  • Hélène Palgen, Kurze Lautlehre der Mundart von Echternach (L., 1931) ;
  • Isi Comes, „ Idiomatik der Echternacher Mundart ”, Vierteljahrsblätter für luxemburgische Sprachwissenschaft, Volks- und Ortsnamenkunde (1935-1950) ;
  • Marcel Simon, Echternach, liebe alte Stadt. Anekdoten (Esch/A./, 1950, E.,1990) ;
  • Albert Wirtz, „ Am Cirque ‚Hoaschli‘ ” (E., 1953) ;
  • Pol Wirtz, „ Eechternoacha Volleksle’der “ (Harmonie Municipale Echternach 1872-1972. Témoignages et présences, 1972 ;
  • Pierre Kauthen, „Echternacher mundartliche Köstlichkeiten“, Nos Cahiers, 1998, 2-3 ;
  • Marc Juncker, éd., Eechternoach schi Steedchen. E Léiderbouch matAnekdoten a Kommentäre voam Marcel Lorenz (E., 1988) ;
  • Frank Wilhelm, « Nos professeurs écrivains », LCE, Festschrëft 150 Joër Iechternacher Kolléisch 1841-1991, 1992, Unveröffentlicht Texter op Eechternoacher iwer Lëtzebuerger Auteuren op der Antenn voam Soziokulturelle Radio 100,7, L., 1995 ss ;
  • Pierre Lech, „ Zur Literaturgeschichte Echternachs oder Der Willibrordus-Effekt “, Nos Cahiers (L.,1998, 2/3) ; Jacques Steffen, « Heemelmaus », Cnl, L’objet du mois, 01.09.2013.

Idiomatik, Orthografie, Phonetik
Verweise mir op di rezentst Oarbicht, publizéiert voam Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch ZLS, D’Lëtzebuerger Orthografie, 2. Oplo,

Di Haaptreegele fär Lëtzebuergisch bestinn och fär d’Eechternoacher Mondoart, z. B. d’n-Reegel. Éisen Dialekt muss ä permanent den Normen apassen, et muss än sich allzäit fron, wat än am Uer hoat, är ä schreift.

D’Eechternoacher hoan en besonnisch Virléift fär den Umlaut oa, dee ganz hannen am Hals produzéiert gëtt, fär den a oder aa z‘erseetzen. Eng Ägenaart gëtt esu zur Aaigenoart, Iechternach zu Eechternoach, e Kapp ass e Koap, en Aaschlach ass en Oaschloach. Stackiechternacher gi Stoakeechternoacher genannt. Beispiller : de Maart ass bei is de Moart, eng Paart ass en Poart, e Gaartass e Goart, oder, wann ä ganz gout Zäit hoat : e Gaouert. Knaschteg gëtt knoastig, raschteg gëtt roastig. De kuurzen u gëtt dacks zum ou. En Hutt nene mir en Hout. Ëmgedricht gät och : Brout gëtt zu Brutt, der Dout gëtt der Dutt, eng Museks-Nout ass en Nutt, rout ass rutt. Ähnliches passéiert beim i, deen heiandsdo zum éi gëtt. Eis Sprooch gëtt éis Sprooch. Fir ‚Wannech gelifft‘, häescht et bei is : Wann ich geléift. De gebiirtigen Eechternoacher Paul Spang, Latäin-, Däitsch- a Geschichts-Professer an du Direkter voam Staatsarchiv, sot mir emol : Nët voan Haai a Stri, fär : kän klän Affär. Fär di ischt zwä Pronomen soe mir : Äich an Daou. Voam Pronomen fär di zwät Persunn kann än och d’Verb ‚än daouzen‘ ofläden.

Noach mi lëstig war fréier d’Gewoanicht, fär en hoarde Konsonant duurch e waaichen z’erseetzen. Oafanks voam 20. Jaouerhonnert guffen et zwu bekannte Familjen : déi voam Geschäftsman Kries oam Moart an déi voam Dokter Gust Gretsch a Beerkes (rue de la Montagne). Am Witz hoan d‘Eechternoacher se genannt : Griessen a Kretschen. Den 10. Maai 1940 gung de Sproch duurch d‘Gaassen : D’Breise säin op der Préck. Réckbléckend soten d’Eechternoacher : An du kumm de Gréich …

enews

Gescht an Haut, Aktualitét an Geschichten vun Geschter, alles ronderem Echternach

Leave a reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *